Dëse Forms ass anonym a soll dir d'Méiglechkeet ginn, eis matzedeelen, wann eppes net klappt, respektiv wann dir eppes opfält wat net an der Rei ass oder wou een zu Schued kënnt, egal op dat dech betrëfft oder een aneren.
Et geet drëms, dass een kann op Mëssstänn hiweisen, esou dass mir d'Méiglechkeet hunn d'Situatioun ze verbesseren, oder där Persoun ze hëllefen déi betraff ass.Dowéinst ass et wichteg, dass du esou ausféierlech an detailléiert wéi méiglech d'Situatioun beschreifs, ëm déi et geet. Wann s du ee Feedback wëlls kréien, da kanns du och am Text draschreiwen, wéi mer dech kontaktéiere kënnen.
Du kanns och gären eng Foto oder soss en Dokument eroplueden, wann dat hëlleft besser ze erklären ëm wat et geet.
Merci dass du der d'Méi méchs eppes ze mellen!