Language
  • Deutsch
  • Français
  • Aschreiwungsformulaire

  • 🌳 Nationalen Dag vum Bam 🌳

    🌳 Nationalen Dag vum Bam 🌳

    https://www.hellefnatur.lu/
  • Hecken a Beem planze fir méi Biodiversitéit

    D'Fondation Hëllef fir d'Natur organiséiert och dëst Joer erëm Plantatiounen uechter d'Land fir den Nationalen Dag vum Bam. Dëse fënnt um Samschdeg, 15. November statt a jidderee ka sech bedeelegen.

    Hecken a Beem stelle wichteg Liewensraim duer a sinn essenziell fir d'Wuel vu Flora, Fauna a Mënsch.

    Als Gemeng oder Organisatioun kënnt Dir entweeder eng Aktioun finanzéieren oder Är eege Plantatioun organiséieren an esou Awunner, Memberen oder Personal zum Naturschutz motivéieren op dësem wichtegen Dag.

    Fëllt dëse Formulaire wgl. virum 3. Oktober aus, fir datt Är Aktioun an eiser Regulus-Editioun fir den Dag vum Bam verëffentlecht ka ginn. Merci!

  • De Sponsoring gëtt confirméiert duerch eng Iwwerweisung vum Montant op de Kont vun der Fondation Hëllef fir d'Natur. 

    CCPLLULL IBAN: LU89 1111 0789 9941 0000 – Kommunikatioun: JNA2024

  • Soubal mir de completéierte Formulaire erhalen, kritt Dir den offizielle Logo zougeschéckt, fir Är Planzaktioun ze kennzeechnen.

  • D'Natur seet Merci!

  • Should be Empty: